1567824b9d361406c480219e90cf7b59fe6636_.jpeg                              156782d85f22da3c7026d7913f37676cccf58c_.jpeg

 

Millioune Mënschen sinn den Ament op der Flucht a musse wéinst engem onnëtze Krich hir Famill a villes wat si sech an hirem Land opgebaut hunn, zeréckloossen.

 

D‘Espérance Esch wëll an dëser schwiereger Zäit hëllefen a bitt vun elo ukraineschen Kanner, Jugendlechen an Erwuessenen un an d'Turn-, Danz- Cheerleading, Trampolin- an Fitnesscoursen ze kommen. 


Wei wa Krich am eegene Land net scho schlëmm genuch wier, mussen och déi Jonk an dëser Zäit op hir Frënn verzichten, déi elo dacks wéit ewech op ville Plazen no Sécherheet sichen. 


Wann dir Léit kennt, deene mir eng Freed géinge maachen, biede mer iech dëse Message weiderzeginn. Fir all weider Informatiounen kennen si sech bei eis op contact@esperance.lu mellen.