Sweet Devils
Support the Sweet Devils Cheerleaders for the World Championship
Ënnerstëtz d’Sweet Devils Cheerleaders fir op d’Weltmeeschterschaft
Tageblatt 07.05.2024

Sweet Devils ESPN World of Sports

Merci :-)
Merci dem Lëtzebuerger Wort fir dësen Artikel
Mir sinn immens houfereg, iech kënne matzedeelen, datt d’Sweet Devils Cheerleadere vun der Espérance Esch, sech fir d’Cheerleader Weltmeeschterschaft «The Summit» 2024 zu Orlando qualifizéiert hunn.
Duerch eng 1. Plaz bei der “Summer All Level Championship 2023” zu Düsseldorf, hu mer eis d‘Participatioun bei “The Summit 2024” konnte sécheren.
Mir hunn deemno d’Éier de Grand-Duché an den USA representéieren ze kënnen. Dëst ass eng flott Geleeënheet a gläichzäiteg eng grouss Chance. Mir freeën eis elo schonn, géint Ekippe vun iwwerall op der Welt unzetrieden. Dëst erfuerdert natierlech haarden Training an do wäerte mir elo an de kommende Méint alles drusetzen, fir gutt präparéiert zu Orlando opzetrieden.


“The Summit” ass déi gréissten a wichtegst international Kompetitioun vun alle Levelen am Cheerleading. Et ass deemno en Dram fir all Cheerleader emol un dëser Weltmeeschterschaft kënnen Deel ze huelen.All Joërs machen +/- 2.300 Cheerleading Teams aus der ganzer Welt mat. Dat Ganzt fënnt am ESPN Wide World of Sports Complex vum 2te bis de 5te Mee 2024 a Florida statt.“The Summit” gëtt via Livestream, Videoen, Fotoen, Artikelen asw. iwwerdroe.
From Luxembourg to the USA,
The Sweet Devils are on their way,
Reaching for the top,
No one can make them stop.
Well d’Participatioun bei “The Summit 2024” e grousse Budget pro Kapp verlaangt, freeë mer eis iwwer all méiglech Ënnertsëtzung.
Et gi verschidde Méiglechkeete fir eis um Wee op Orlando ze hëllefen
Depliant_EN1.pdf
Verëffentlecht den 03.12.2023
Verëffentlecht den 03.12.2023
Depliant_LU1.pdf
Verëffentlecht den 03.12.2023
Verëffentlecht den 03.12.2023


https://gofund.me/f05140f9
Cheerleading Esch:
IBAN LU71 0019 5855 1143 7000


We’re flipping, tumbling and flying our way to Orlando, and with your support, we’ll make sure Luxembourg leaves its mark at “The Summit 2024” – Cheer us on as we elevate our dreams to new heights