1999 huet d'Espérance Esch en éischte Grupp vun Cheerleaders an d'Liewe geruff.
Aus fréieren Turnerinnen an Dänzerinnen, déi an enger éischter Phas Choreographien mat Pomponen an einfachen akrobateschen Elementer virgefouert hunn, ass mat de Joren e Grupp entstane, deen un internationale Meeschterschaften Deel hëlt.
Haut sinn d'Sweet Devils 17 Memberen am Alter tëscht 14 an 31 Joer, déi 2 Mol d'Woch trainéieren. An Tëschenzäit läit de Schwéierpunkt vum Training op de Level-gerechte Stunte a Pyramiden. Op d'mannst emol d'Joer participéieren d'Sweet Devils un enger Cheerleadermeeschterschaft am Ausland.
Am Joer 2019 hu si et op zwou Competitiounen, zu Bottrop an zu Düsseldorf, souguer op déi éischte Plaz an hirer Kategorie gepackt. Hiren Niveau huet sech sécherlech och duerch d'Ënnerstëtzung vun zwee erfuerenen Cheerleader aus Däitschland verbessert, déi d'Sweet Devils zënter 2017 coachen. D'Sweet Devils sinn awer och weiderhin op villen Evenementer hei am Land am Asaz, wou si haaptsächlech aner Sportler ufeieren an mat kuerzen Optrëtter d'Leit begeeschteren.
2019 hunn d'Sweet Devils sech fir de Summit 2020, d'Cheerleaderweltmeeschterschaft fir Veräiner zu Orlando qualifizéiert. Leider huet de CoVid19 de Meedercher e Stréch duerch d'Rechnung gemaach. D'Participatioun un dësem speziellen Event huet missten annuléiert ginn.
2022 war och eng erfollegräich Saison fir d'Sweet Devils. Si hunn bei den Elite Championships zu Bottrop an der Kategorie Senior Allgirl Cheer Level 4 déi 2. Platz erreecht an beim SALC zu Düsseldorf an der selwechter Kategorie och déi 2. Platz.